D'Keess op an d'Klacken eraus!
E musekaleschen Owend op Lëtzebuergesch als Ënnerstëtzung fir déi sozial Projete vun der Fondation Thierry van Werveke - opgeholl den 22 Oktober 2011 an der Rockhal
D'DVD an den duebelen CD sinn ab dem 16. Dezember 2011 an de Butikker
Den 22. Oktober 2011 huet dem Thierry seng Fondatioun Sänger a Musker vun alle Generatiounen a Stilrichtunge fir een Owend op der Bühn vun der Rockhal an een Dëppe gehäit: dem Thierry seng Kollegen. Dorënner sinn der déi den Thierry nach wierklech perséinlech kannt hunn, awer och vill nei Kollegen, déi déi Chance leider net méi haten, sech awer a sengem Sënn engagéiere wollten. Op der DVD an dem dueblen Album mat der Live-Opnahm vun deem Owend héiert dir dofir Duetter a Kombinatiounen, déi et esou nach ni gi sinn. All d'Lidder - mat enger Ausnahm, dem "Twist à Luxembourg" - sinn op Lëtzebuergesch. Et si Lidder déi den Thierry gesongen huet, Eegekompositioune vun de Museker op der Bühn, al Klassiker oder international Standarden déi mer an d'Lëtzebuergescht gesat hunn. Eise Maestro, de Georges Urwald, huet d'Museken arrangéiert, ënnerstëtzt vum wonnerbaren "Chicago Family Orchestra". E ganz grousse Merci geet eraus un eis Kënschtler, un d'Sänger an d'Sängerinnen, déi sech alleguer ouni bezuelt ze ginn op dës Aventure agelooss hunn.
Den Thierry, deen et net ëmmer liicht am Liewen hat, huet säi Wee deemools iwwert d'Musek, de Film an den Theater fonnt. Awer hien huet net vergiess, datt et vill anerer gëtt, déi di Chance net hunn. Wéi hie wosst, datt et fir hien net méi géif weidergon, war et him wichteg, datt ënnert sengem Numm eppes fir déi Leit gemaach kéint ginn. Hee war eng Identifikatiounsfigur fir déi vun ënnen an déi vun uewen, an hie wosst, wéi séier ee vun uewen no ënnen ofrutsche kann, awer och, datt een d'Hoffnung ni soll opginn. An hie wollt de Leit eppes zréckginn. Dofir ass d'Haaptzil vun der Fondatioun, fir jonken "Troublemaker" ze hëllefen - am beschten duerch d'Kultur. Si schafft dofir ganz enk mat den Acteure vum sozialen a kulturelle Secteur zesummen a versicht Brécken ze schlon, déi de Leit, deene si hëlleft, nei Welten zougänglech maache kënnen.
D'Keess op an d'Klacken eraus!
Une soirée musicale en Luxembourgeois au bénéfice des projets sociaux de la Fondation Thierry van Werveke - enregistrée le 22 octobre 2011 à la Rockhal
Sortie d'un DVD et d'un double CD le 16 décembre 2011
Pour se procurer des fonds nécessaires au développement de sa mission caritative, la Fondation Thierry van Werveke avait organisé le 22 octobre 2011 une soirée musicale à la Rockhal. L'organisation de cette soirée est devenue, grâce au nom de Thierry, un projet fédérateur réunissant des musiciens de tous les milieux et genres. Ce concert-spectacle « chanson/rock » réunissant un grand nombre des artistes favoris des Luxembourgeois, sortira le 16 décembre sur DVD et sur un double album live. Tous les artistes ont renoncé à leur cachet et les bénéfices de la soirée ont été intégralement versés à la Fondation Thierry van Werveke.
La Fondation Thierry van Werveke: Lorsque Thierry a appris qu'il n'allait pas survivre à sa maladie, il a demandé à des proches de faire quelque chose d'utile après sa mort pour des jeunes en difficulté. C'est comment et pourquoi la Fondation Thierry van Werveke est née. Le but principal de la Fondation est ainsi notamment « d'aider de jeunes Troublemakers, c'est-à-dire des jeunes en difficulté et/ou socialement défavorisés » par des moyens culturels. Pour ce faire, la Fondation travaille étroitement avec des organisations du secteur social pour leur permettre de réaliser des projets spécifiques qui autrement ne seraient pas réalisables avec leurs ressources habituelles.
D'Keess op an d'Klacken eraus!
Ein musikalischer Abend auf Lëtzebuergesch als Unterstützung für die sozialen Projekte der Fondation Thierry van Werveke - aufgezeichnet am 22. Oktober 2011 in der Rockhal
Neuerscheinung: DVD und Doppel-CD am 16. Dezember 2011
Um sich die nötigen finanziellen Mittel für ihre karitativen Zwecke zu beschaffen, organisierte die Fondation Thierry van Werveke am 22. Oktober 2011 in der Rockhal einen musikalischen Abend. Die Organistion dieses Abends wurde, dank Thierrys Namen, ein Projekt das Musiker aus den verschiedensten Milieus und Genres zusammenführte. Dieses Konzert zwischen Chanson und Rock, das viele der beliebtesten Künstler Luxemburgs gemeinsam auf die Bühne brachte, erscheint am 16. Dezember auf DVD und als live Doppelalbum. Alle Künstler haben auf ihre Gagen verzichtet und die Einnahmen des Konzerts gingen integral an die Fondation Thierry van Werveke.
Die Fondation Thierry van Werveke: Als Thierry wusste, dass er seine Krankheit nicht überleben würde, hat er sein Umfeld gebeten, nach seinem Tode etwas Nützliches für junge Menschen zu machen die Probleme haben. In diesem Sinne wurde die Fondation Thierry van Werveke gegründet. Hauptzweck der Stiftung ist es jungen "Troublemakers", das heißt Jugendlichen die in Schwierigkeiten stecken oder sozial benachteiligt sind, mit den Mitteln der Kultur zu helfen. Um dies zu erreichen, arbeitet die Fondation sehr eng mit Organisationen im sozialen Sektor zusammen. Die Fondation versucht es diesen zu ermöglichen spezifische Projekte, die sie mit ihren üblichen finanziellen Mitteln nicht verwirklichen könnten, auf die Beine zu stellen.
|