@
Elo op DVD
| D’LOTTI
VU BASTELDUERF |
Mat
de Stëmme vu | |
| |
| Offiziell Websäit | |
| animation movie, family comedy, 81 minutes, colour | |
![]()
SYNOPSIS
Iergendwou an Europa beim Mir läit e klengt Duerf, wou d’Erfannen vun all Zort vun Haushaltsgadgetten nach ganz héich ugesinn ass. D’Leit aus dem Duerf organiséieren all Joer e grousse Concours vun den neien Erfindungen. Ee vun de bekannsten an erfollegsräichsten Erfinder aus dem Duerf ass den Oskar, de Papp vun deem wibbelechen Hondsmeedchen, dem Lotti. Säi gréisste Konkurrent ass den Hues Abbes, deem séng Fra him sou gutt et geet beim Concours hëlleft. Eng Kéier dëse Concours ze gewannen, dat wär immens wichteg an eng grouss Éier fir dee ganzen Huese Clan.
----
D’LOTTI (Juliette Thiltges)
D’Lotti ass d’Séil an de Motor vun allem, wat am Film ënnerholl gët. Hatt ass aktiv, optimistesch an ëmmer fir en Abenteuer obgeluecht, e richtege Leader vun Natur aus. D’Lotti ass en Hondsmeedchen, wat vill typesch Charakterzich vun engem Bouf huet. Gläichzäiteg kann hatt awer och ganz weiblech a kokett sinn.
DE BRUNO (Kevin Girres)
Anescht wéi d’Lotti, ass de Bruno kee Leader, mee éischter e Matleefer, wann een esou wëllt. De Bruno ass guttmiddeg, zeréckhalend an en treie Frënd.
DEN ANDY (David Thiltges)
De jonken Hues Andy ass reservéiert a fäertereg. Hee schummt sech fir séngem Papp Abbes séng stänneg Mësserfolleger an hält sech dofir net mat deenen anere Kanner op. Op däer anerer Säit ass et dem Andy säi gréisste Wonsch, fir Frënn ze fannen.
DEN OSKAR (Paul Thiltges)
Dem Lotti säi Papp Oskar as en talentéierten Erfinder. Dem Oskar séng Welt si virun allem séng Erfindungen. Heen vergësst dobäi awer net, fir séng Duechter en zärtleche Papp ze sinn.
DEN ABBES (Marc Faber)
Den Abbes gët zënter sénger Kandheet vun engem onwiderstéiIeche Wonsch gedriwwen, berühmt ze ginn. Well
heen awer vun Natur aus éischter ongedëlleg ass, denkt heen ni am Fong iwwert séng Aktiounen no, an esou muss hee Mësserfolleg op Mësserfolleg astiechen. Den Abbes ass en agefleeschten Optimist, kee Réckschlag ass grouss genuch fir heen opzehalen.
DE MONNI KLOS (Jemp Schuster)
Den alen Hond Monni Klos war fréier e Globetrotter a verbréngt elo séng Pensioun domadder, fir a sénger aler Reesvaliss Tëmmercher ze halen oder Mondharmonika ze spillen. Dem Monni Klos séng Lieblingsbeschäftegung ass séng sëlleche Reesgeschichten ze verzielen.
DE JAK (Thierry van Werveke)
D’Méck Jak ass e Wandjang, deen d’Wichtegkeet vu sénger eegener Roll immens opbléist. Heen huet allerdings eng witzeg Stëmm a gebraucht eng Hellewull vu komesche Wieder an Ausdréck.
D’SUSUMU (Christiane Rausch)
D’Bei Susumu ass de Friemen, den Auslänner an eiser Geschicht. Hatt fënnt sech an enger him friemer Kultur erëm a léiert séier, sech do zurecht ze fannen. Séng Aktiounen sinn dacks vun enger gewëssener Komik gezeechent. Hatt schwätzt prononcéiert a mat engem japaneschen Accent, séng Stëmm läit tëschent weiblech a männlech.![]()
![]()
![]()
![]()
![]()
Songs “Dem Lotti säi Lidd”
Song Composer Sven Grünberg
Lyrics Vladislav Korzšets/Guy Rewenig & Rol Girres
Singer Marion Welter
“D’Lidd vun der aler Joffer”
Song Composer Aksel Pajupuu
Lyrics Aksel Pajupuu / Guy Rewenig & Rol Girres
Singer Anne Reeman / Paddy Frères
“Wëllkomm zu Bastelduerf”
Song Composer Brainstorm
Lyrics Renärs Kaupers / Guy Rewenig & Rol Girres
Singer Renärs Kaupers / Ricardo Vieira
“Mati the Cat’s Song” / “Dem Mätti säi Lidd”
Song Composer Marko Matvere
Lyrics Andrus Kivirähk / Guy Rewenig
Singer Marko Matvere / Carlo Hartmann
“ Here We Go”/”Komm eraus” (Schlusslidd)
Song Composer Brainstorm
Lyrics Renärs Kaupers / Guy Rewenig & Rol Girres
Singer Renärs Kaupers / Ricardo Vieira