D'Belle Epoque

Luxembourg | 2012 | 98’ | Documentary
A film by
Andy Bausch
Cast
Vicky Krieps - Gintare Parulyte - Marco Lorenzini
Producer
Paul Thiltges - David Grumbach
Synopsis

August 1914, Belle, a young well-bred lady and Betty, her chambermaid, discover a big trunk in the attic. When they manage to open it, thousand of photos and postcards spread all over the floor to form a pile of memories. Thus, the ladies start to reminisce about what was called «la Belle Époque».

D’Isabelle, eng jonk Lëtzebuerger Fra vu Mëtt zwanzeg aus biergerlechem Milieu, ass amgaang hir Valissen ze paken. Si soll bei hir Tatta an d’Frankräich fueren, fir do ënnert hirer Leedung als Infirmière an engem Spidol ze schaffen. Et ass am August 1914 an hannert de Fronten gëtt all Mënsch, dee gudde Wëllens ass, gebraucht.

Och mat der Hëllef vun hierem Déngschtmeedche Betty geléngt et dem Belle net alles richteg ze verstauen. Dofir ginn déi zwou Fraen op de Späicher fir do no enger weiderer Valiss ze sichen. Am Papp senger Mansard stoussen si op e grousse Schëffskoffer, deen ausgesäit wéi wa vill géif dragoen. Si briechen de Koffer op an Dausende vu Fotographien a Postkaarte falen eraus an heefen sech zu engem Bierg vu visuellen Erënnerungen. D’Belle gëtt wéi duerch en Zauber vun de Fotoen ugezunn a ka seng Aën net méi dervunner lassléisen…

Des Rahmenerzielung féiert eis durch dem Andy Bausch seng Belle Epoque. E Collage vun nogestallte Fiktiounszenen, Archivbiller, Postkaarten a Fotoen duerch d’Joren tëscht 1890 an 1914.

World Premiere
Award
Production company
Paul Thiltges Distributions
Worldsales
Paul Thiltges Distributions