Inthierryview

Luxembourg | 2008| 105’ | Documentary
A film by
Andy Bausch
Cast
Til Schweiger - Moritz Bleibtreu - Michael Haneke
Producer
David Grumbach - Paul Thiltges
Synopsis

Hie woar op der Leinwand mam Isabelle Huppert, Eddie Constantine, Götz George, Burt Reynolds, Béatrice Dalle, Til Schweiger, Thierry Frémont, Moritz Bleibtreu, Mario Adorf, Dominique Horwitz, Hannelore Elsner, Dietmar Schönherr, Udo Kier, Birol Uenel, Katharina Thalbach, Christine Kaufmann, Daniel Brühl, Denis Lavant, Heike Makatsch, Peter Lohmeyer, Ivan Desny, Jürgen Vogel, Martin Semmelrogge, Désirée Nosbusch, André Jung, Manfred Zapatka, Richy Müller, Dieter Pfaff, Rüdiger Vogler…

Dat beäntwert vläicht schon emol zum Deel d'Fro, firwat een e Film iwwert den Thierry mécht. Dobäi koum de Gesondheetszoustand vum Thierry, deen Ufank 2008 immens kritesch war, an deen den Zäitpunkt vum Film natierlech op eng dramatesch Manéier matbestëmmt huet.

A wat fir e Réalisateur kennt den Thierry besser wéi den Andy Bausch, deen hien zënter 1979 an all senge Filmer besat huet, meeschtens an der Haaptroll. Also méi wéi just eng professionell Relatioun, déi di zwee verbënnt, éischter eng Männerfrëndschaft, déi geschwënn hir 30 Joer feiert. Tëschent deenen zwee gëtt kee Blad méi virun de Mond geholl. Si fäerte weder sech d´Wourecht ze soen, nach Kritik auszeüben.

Niewent senger Carrière a Film, Musik an Theater schwätzt den Thierry och iwwert seng Kandheet zu Genf, seng Drogenofhängegkeet als 18jähregen, säin Job als Läichewäscher, als Garçon am « Café du Centre », seng Zäit als éischte « Punk » vu Lëtzebuerg, säin Alkoholismus asw…

An natierlech kommen och Kolleege, Frënn a Weggefährten vum Thierry zu Wuert: Til Schweiger, Sascha Ley, Michael Haneke, Moritz Bleibtreu, Frank Hoffmann, Frank Feitler, Buket Alakus, Pipo Petro, Claude Bertemes, Danielle Igniti… a.v.a. E perséinleche Film iwwert den „Thierry National“ alias „Johnny Chicago“, dee viru kuerzem seng 50 Joer gefeiert huet, oder: „Tout ce que vous avez toujours voulu savoir sur Thierry sans oser le lui demander“.

World Premiere
Award
Production company
Paul Thiltges Distributions
Worldsales
Paul Thiltges Distributions